Chargement Évènements

d’Cojellico’s Jangen

GLORIA

page14image1692404624page14image1692404960page14image1692405552page14image1692405824page14image1692406096

e Samschdeg, de 15. Dezember 2018 um 20 Uhr am Kasemattentheater

D’Jangen sangen an hirem fuschneie Wanterprogramm ëmmer nach iwwer Dammen a Männersuergen? Am Virprogramm vun der grousser hell’ger Nuecht geet et ëm d’Maria, d’Engelen an … d’Gloria. Et geet ëm den Iesel, deen d’Maria muss schleefen an de Jousef, dee sech freet, vu wiem d’Këndchen dann elo eigentlech ass. Och laacht den Owi virun der Krëppchen net iwwert de Stier, deen aus dem Himmelssall gefall ass.

Am Mëttelpunkt steet awer d’Geschicht vum Jesuskëndchen, dat déi schwéier Aufgab opgeluede kritt, Erléisung a Fridden op d’Welt ze bréngen.

D’Jangen sange besënnlech, harmoniebedürfteg, heiansdo mat engem klengen Aenzwinkeren. Nieft bekannte Chrëscht- a Wanterlidder wéi Am Uewe potert d’Feier, Aus dem Himmelssall oder Schnéiwalzer presentéiert de Lëtzebuerger Gejangssextett Neikompositiounen wéi De froue Béifchen Owi oder och manner bekannte Lidder wéiLéiwen hell’gen Zinnekleeschen an neien Arrangementer fir 5 Männerstëmmen a Piano.

Den neie Chrëschtprogramm hunn d’Jangen op der CDGloria agesongen.

Tenéier: Raymond Majerus, Arend Herold, Georges Urwald Bäss: Carlo Migy, Jean-Marie Kieffer
Piano: Christophe Nanquette

Arrangementer/Kompositiounen: Jean-Marie Kieffer, Georges Urwald