Chargement Évènements

de Michel Rodange

 

Regie a Bühn: Eva Paulin
mat Jean-Paul Maes – André Mergenthaler

Virstellungen: 18.3. (20.00) – 26.3. (17.30) – 26.4. (20.30) all Kéier Schlass Beetebuerg

Reservatiounen: www.kaleidoskop.lu – Tel.: 621 59 36 19 – ticket@kaleidoskop.lu

„Et wor esou ëm Päischten – ‘t stoung alles an der Bléi“, esou geet dem Michel Rodange säin an der zweeter Halschent vum 19. Jorhonnert geschriwwene „Renert“ un, dat bekanntest Wierk aus der Lëtzebuerger Literatur, zwar nom Goethe sengem „Reinecke Fuchs“ gedicht, awer mat enger schaarfer Analyse vun de Lëtzebuerger Zoustänn aus der deemoleger Zäit.

Hunn déi sech da bis haut geännert? – Natierlech geet et de Leit elo besser, mä eis Gesellschaft ass weiderhin „ë Sak voll Kriipsen“ bliwwen, wou déi iewescht, déi ënnescht erdrécken.

Anerer kruten d’Auszeechnungen an d’Medaillen, de Michel Rodange ass Zäit senges Liewes eidel ausgaangen, obwuel, oder grad well, hien deen esou schaarfen Epos iwwert säi Land a seng Leit geschriwwen hat. – E Land, dat elo esou kënstlech räich ass, wou lénks a riets potemkinesch Dierfer entstinn, Vandalen historesch Gebaier ewechrappen, Loyeeën an de Kaf vun Haiser net méi ze bezuelen sinn, eis Compatrioten an d’Grenzregiounen verdriwwe ginn vun der Geldgier, déi kee Fonke Schimmt ze kenne schéint an all Keeser, dee plakeg duerch d’Stroosse geet, kritt nogejaut, wéi schéi säi Gezei dach ass …

D’Eva Paulin inszenéiert de RENERT, dee scho virun 3 Joer mat vill Succès vum KALEIDOSKOP produzéiert gouf, mat där selwechter Besetzung nei, speziell fir d’Bühn am Beetebuerger Schlass konzipéiert.