Chargement Évènements

DenTheater.lu
„Déi eng an déi aner“
Witzegt Kaméidistéck vum Roland KALTE
Regie an Dekoren: Claude FRITZ
Beliichtung: Jang KRIPPLER
Technesch Assistenz: Willy BLOMMAERTS

Et spillen Danielle WENNER, Pierre BODRY, Marcel HAMILIUS a Fabio SECCI
Et ginn ëmmer déi eng an déi aner. Mir sinn déi eng, an déi aner, – tjo – dat sinn eben déi aner.
Déi eng sinn déi gutt, déi aner sinn… anescht. Mir gehéieren natierlech zu deenen engen. Gottseidank! Mir, déi – ouni Zweiwel gutt Mënschen – a si, déi anescht si wéi mir. Well Schold un allem sinn dach ëmmer déi aner, oder?
Stellt sech d’Fro: Gesinn déi aner dat och esou? Wat hale si vun deenen engen? Oder menge si éieren, si wieren déi eng, a mir wieren déi aner?
Dat kann dach net sinn, oder? Oder si mer déi eng an déi aner?  

4 Strummerten an der Stad an hirer Welt maache sech esou hir Gedanken. Si si déi eng oder déi aner? Leie se falsch, well s’anescht sinn, oder awer vläicht méi richteg wéi déi „normal“ Gesellschaft? Ob een an deem Theaterstéck d’Äntwert fënnt, ass ongewëss, mee t’gëtt een awer bestëmmt op eng lëschteg Aart a Weis e  bëssen un d’Nodenke bruecht. Wann déi eng kucken an déi aner spillen. Oder sinn et déi eng, déi spillen an déi aner, déi kucken?
De Roland KALTE huet iwwert d’Antenn vun RTL sech en Numm gemach mat senger witzeg-ironesch- an intelligenter Art a Weis wéi hien eisen Alldaag parodéiert.

Centre Culturel Bonnevoie
Première 7. Dezember 2016 20 Auer
Mamer Kinneksbond 16ten Dezember 2016 20 Auer
Déifferdang Alt Stadhaus 11. Januar 2017 20 Auer
ARCA Bartreng 27te Januar 2017 20 Auer
OpDerSchmelz Diddeleng 10te Februar 2017 20 Auer
Escher Theater 28. Februar 2017 20 Auer
Trifolion Iechternach 4. März 2017 20 Auer
Téitenger Schungfabrik 10.März 2017
Stengefort: 28. 4 . 2017 20 Auer
Cape Ettelbrück: 11. Mee 2017 20 Auer