Chargement Évènements
Cet évènement est passé

Räpzodi

production MASKéNADA
en collaboration avec le théâtre du Centaure

Les 25, 26, 27, 28 décembre à 21h
Tarifs: 20€ / 8€
Théâtre du Centaure

 

Räpzodi, dat ass Rap an Zodi, also Schwätzgesang a Kaméidi.

De Rap ass op Lëtzebuergesch an den Zodi ass akustesch, also net, wéi gewinnt am Hiphop, mat fäerdeg produzéierte Beats & Samples, mee mat richtegen akusteschen Instrumenter. Et ass déi neisten Museksproduktioun vum Kënschtlerkollektiv a Musekslabel MASKéNADA, ronderëm den Tommek, de jonke lëtzebuerger Rapper mat polneschen Originnen, mat de Museker vun der Rockband «All the way down» an de Gebridder Tun & Luka Tonnar. Den Album ass produzéiert vum Serge Tonnar, dee fir MASKéNADA, nieft Eegeproduktiounen, scho Kënschtler produzéiert huet wéi Berny Z, Thierry van Werveke oder Claudine Muno.

Räpzodi stellen hiren Album eng éischte Kéier live vir mat dëse Concerten am Dierfgen, am Kader vum Zyklus vun ënnerierdesche Produktiounen «MASKéNADA-Underground».

rap – Tommek
batterie, rap & gesang – John Wolter
batterie – Jim Thill
bass, piano, gittar & gesang – Mateus Wojda
piano, rap & gesang – Tun Tonnar
gittar, rap & gesang – Luka Tonnar