Chargement Évènements
Cet évènement est passé

„DRÄI MOL LIEWEN“ weist eis eent op eng klassesch Grondsituatioun reduzéiert Stéck fir 4 Persounen.

D’Koppel Hubert an Agnes Finidori besichen eng aner Koppel, se kommen allerdéngs en Dag ze fréi, wouduerch sech den Haaptkonflikt nach méi séier weist an op d’Spëtzt gedriwwe gëtt.
Et geet drëm op den Haushär Henri seng Karriär duerch den Hubert protegéiere léist (si sinn allebéid Astrophysiker), a wéi den Henri domat ëmgeet, dass seng dräijäreg Fuerschungsaarbecht méiglecherweis eng Makulatur ass.


Mee eigentlech geet et ëm d’Erzéiung vum Arnaud, dem Henri a Sonja hire 6jäerege Bouf, deen net aschlofe kann (oder wëll), a wouduerch bei der Koppel ëmmer erëm Streidereien ëm Erzéiungsprinzipien entstinn, an déi sech dann och d’Agnes an den Hubert amëschen an et zu ëmmer neien a verschiddene Koalitiounen a Konstellatioune kënnt, respektiv komme kënnt, wat mer op der Bün an dräi verschiddene Versiounen (Originaltitel „Trois versions de la vie“) gewise kréien.


Pointéiert Dialoger voll mat béisem Witz, voller Aktioun an trotzdeem psychologesch déifgrënneg, weist dëst zäitloost an zugläich modernt Stéck de Konschtcharakter vum Theater, wiesselt permanent tëscht Eescht a Banalitéit.