Chargement Évènements
Cet évènement est passé

Vendredi 27 & dimanche 29 janvier 2017 – 17H
Kinneksbond – Mamer

Text Roland Gelhausen
Musek Georges Urwald
Op Initiative vum Yves BourgnonRegie Jacqueline Posing-Van Dyck
Choreographie Michel Raphael Turpel

Koproduktioun Théâtre National du Luxembourg, Kinneksbond, Centre Culturel Mamer

Um Enn vum 19. Joerhonnert, kämpft eng Famill aus Mamer – wéi vill aner Famillen zu där Zäit – ëm d’Iwwerliewen. D’Zäite si schlecht zu Lëtzebuerg. Aus der Nout eraus, decidéiert de Papp, mat senger Fra an den zwee Kanner, d’Land ze verloossen an an Amerika auszewanderen. No enger laanger a beschwéierlecher Rees, kënnt d’Famill op der anerer Säit vum grousse Pull un an entdeckt eng ganz nei Welt – eng ganz nei a verwonnerlech Welt. Ob si do hiert Gléck fannen? Dat ass eng aner Fro…

Eng ural Story? Villäicht.
Eng Schnok vu fréier? Eventuell.
Een historesch korrekt erzielten Drama? Neen.

D’Geschicht widderhëlt sech a Parallelen zu haut sinn net ze iwwersinn. Genee wéi dës Famill vu Mamer, sinn zanter éiwegen Zäite Leit ënnerwee op der Sich nom Gléck, no Sécherheet, no Fridden. Oder einfach no enger Verännerung.

E Living an Amerika – eng witzeg Farce, deelweis absurd an oft ganz grotesk, mat uspriechender Musek a flotte Gesangspassagë fir Solisten a Chouer.

Normal : 30 €
Reduzéiert : 15 €
Op LëtzebuergeschWeider Virstellungen am Théâtre National du Luxembourg tëschent dem 4. an dem 16. Februar 2017.
www.tnl.lu

Bühnebild
Christophe Rasche
Kostümer
Christian Klein

Et spillen
Eugénie Anselin, Al Ginter, Carlo Hartmann, Steven Klopp, Monique Melsen, Michel Raphael Turpel

Orchesterchen
Pol Dahm (Tenorsaxofon), François Ewen (Sousafon), Nataša Grujovi (Akkordeon), Franck Hemmerlé (Perkussioun), Georges Urwald (Cembalo), Renata van der Veyver (Braatsch)

Gemëschte Chouer